An Thommes
Ferme Pédagogique

Eist Ziel ass et de Kanner d`Landwirtschaft ërem méi nozebréngen.

 

Fir eis kurz virzestellen:

Mir bewirtschaften ee Bauerenbetrieb zu Ierpeldëng un der Sauer mat ongeféier

70 Mëllechkéi plus Kalwer, Ranner an Stéieren.

Mir begréissen zanter 10 Joer d`Schüler vum Lycée Technique Agricole bei eis an ënnerstëtzen domat de prakteschen Deel vun hirer Ausbildung.

Seit 2017 ginn eis Kéi vun engem Melkroboter gestrach.

Meng Fra Tania, eis 2 Kanner (Lara&Louis) an ech de Bauer Gilbert freeën eis, Iech op eisem Bauerenhaff begréissen ze därfen.