Kannergebuertsdag an Thommes

Dir sicht eng flott Aktivitéit fir de Gebuertsdag vun Ärem Kand? Dann sidd Dir eis genau richteg!

Mir bidden een flotten Nomëtteg mat Spill, Spaass an Erliewnis ronderëm de Bauerenhaff fir ongeféier 4 bis 12 Kanner vun 3 bis 8 Joer (Cycle 2.2)

Mir bidden un:

  • eng Betribsféierung iwwert eisen Haff
  • Déieren fidderen
  • Déieren kennenléieren
  • Fuerpark mat Hindernisser mat eisen Spilltrakteren
  • Stockbrot maachen (op Ufroe)
  • Bastelen (op Ufroe)
  • Backen ( op Ufroe)
  • Müsli maachen (op Ufroe)
  • Botter maachen (op Ufroe)
  • Fir d`Gebuertsdagskand eng kleng Erënnerung

Feieren kënnt dir bei eis:

Samsdes vun 14.00 bis 17.00

An de Schoulvakanzen all Dag ausser Sonndes
vun 14.00 bis 17.00

Op Nofroe stellen mir Iech gären

Marmor, Sand oder Schokolaskuch zur Verfügung.

An eisem komplett ageriichten Klassesall kënnen d`Kanner dann hieren Kuch iessen.

Mëllech, Viiz an Waasser kënnt dir natierlech och bei eis kréien.

Besteck, Telleren an Becheren stellen mir Iech zur Verfügung.

Kontakt

Wann dir interesséiert sidd oder weider Froen hutt, kënnt Dir eis gären kontaktéieren.

8 + 4 =

691 530 612

24, rue du château L-9146 Erpeldange-sur-Sûre

info@an-thommes.lu